Firwat Therakura

Therakura ass méi wéi eng Praxis. Mir bauen Schrëtt fir Schrëtt e Reseau vu moderne Therapiezentren op, an deenen Qualitéit, rouegt Schaffen an eng gutt Zesummenaarbecht am Mëttelpunkt stinn. Eist Zil ass et, Patientinnen a Patienten laangfristeg gutt ze betreien an gläichzäiteg Therapeutinnen an Therapeuten en Aarbechtsëmfeld ze bidden, an deem si sech fachlech a perséinlech weiderentwéckele kënnen.
Mir gleewen, datt gutt Therapie Zäit, Struktur, Austausch an e gutt Team brauch. Dofir leeë mir grousse Wäert op Organisatioun, kloer Ofleef, modern Praxisraim an e respektvollt Mateneen.
Therakura soll eng Plaz sinn, wou een gär schafft – net nëmme kuerzfristeg, mee iwwer vill Joren.

Modern Aarbechtsëmfeld
Hell a roueg Praxisraim, modern Ausstattung an eng gutt strukturéiert Organisatioun suergen dofir, datt s du dech op deng Aarbecht mat de Patientinnen a Patienten konzentréiere kanns.

Fokus op Qualitéit
Mir wëllen net esou vill Rendez-vousen ewéi méiglech maachen, mee Patientinnen a Patienten nohalteg betreien. Qualitéit, proppert Schaffen an ganzheetlecht Denken stinn bei eis am Mëttelpunkt.

Teamaarbecht an Austausch
Och wann all Therapeutin an Therapeut selwerstänneg schafft, ass eis de fachlechen Austausch am Team wichteg. Mir wëllen vuneneen léieren a eis zesummen weiderentwéckelen.

Weiderentwécklung a Fortbildungen
Fortbildungen a fachlech Weiderentwécklung sinn e wichtegen Deel vun eiser Aarbecht. Laangfristeg wëlle mir Fortbildungen a Spezialiséierungen aktiv ënnerstëtzen.

Struktur an Organisatioun
Eng gutt Organisatioun, kloer Ofleef an eng komplett digital an deelweis automatiséiert Administratioun si fir eis selbstverständlech. Sou bleift méi Zäit fir d’Therapie a manner Stress am Alldag.
.png)
Entwécklungsméiglechkeeten
Well Therakura weider wiisst, entstinn op laang Siicht nei Méiglechkeeten – fachlech, organisatoresch oder an der Entwécklung vun neie Standuerter.
Wien gutt bei eis passt
Mir sichen Mënschen, déi hire Beruff gär maachen, Verantwortung iwwerhuelen a Patientinnen a Patienten mat Opmierksamkeet a Respekt begéinen. Sproochkenntnisser a Beruffserfarung si wichteg, mee nach méi wichteg ass fir eis d’Astellung zur Aarbecht an zum Team.
Du passt gutt bei eis, wann's du:
-
gären selwerstänneg schaffs
-
gläichzäiteg Deel vun engem Team wëlls sinn
-
Interesse un ganzheetlechem Denken hues
-
dech fachlech weiderentwéckele wëlls
-
strukturéiert a verantwortungsvoll schaffs
-
roueg a professionell mat Patientinnen a Patienten ëmgees
-
laangfristeg eng stabil Aarbechtsplaz sicht

